Identifikatioun
Den Editeur vum Site routlens.lu ass Pharos Real Estate Fund S.C.A. mat Sëtz op 1, rue Peternelchen L-2370 Howald.
Allgemeng Notzungsbedéngungen
De Benotzer, deen um Site vum Quartier Rout Lëns navigéiert, stëmmt dëse Konditiounen a Warnungsmentiounen ouni Reserv zou.
Geeschtegt Eegentum
Rout Lëns ass eng deposéiert Mark. D’Gesamtheet vum Site Rout Lëns ass duerch d’Gesetzgebung iwwer d’geeschtegt Eegentum geschützt. All d’Texter, d’Grafiken, d’Fotoen, d’3D-Biller, d’Pläng, d’Skizzen, d’Logoen, d’Marken a méi allgemeng all d’Elementer vun dësem Site kënnen net Géigestand si vun iergendwellecher integraler oder partieller Representatioun oder Reproduktioun op iergendwellechem Support ouni datt den Editeur am Viraus seng ausdrécklech Erlaabnis ginn huet. D’Netanhale vun dësem Hiwäis ass eng Violatioun, fir déi de Rechtsverletzer haftbar gemaach ka ginn.
Et ass och strengstens verbueden den Numm Rout Lëns an/oder säi Logo, eleng oder zesummen, aus iergendwellechem Grond an op iergendwellechem Support, ouni datt den Editeur am Viraus seng schrëftlech Erlaabnis ginn huet, ze benotzen oder ze reproduzéieren.
Fotoen © Andrés Lejona, archives du CNA, Boris Loder, CityTools, Christian Schwarz, Domingos Oliveira, Jonk Entrepreneuren Luxembourg ; illustrations © Human Made.
Schutz vun de perséinlechen Donnéeën
Déi iwwer Iech gesammelt Informatioune gi vun der Equipe vum Projet (Ëmfro, Umeldung fir de Workshop, Iddie-Box) a vum Marketing-Service Rout Lëns beaarbecht, mam Zil Iech iwwer d’Aktualitéite vum Quartier, säi Fortgang, d’Evenementer, d’Neiegkeeten (Umeldung fir den Newsletter) ze informéieren, oder fir op Är Froen ze äntweren, an Iech esou dee beschte Service unzebidden (Kontakt-Formulaire).
Mir wenden eis un extern Prestatairë fir d’Erbrénge vun de Servicer, virun allem fir d’Analys vun de Resultater vun der Ëmfro an d’Verschécke vun E-Mailen. Dës Prestatairë beaarbechten Är Donnéeë fir Rout Lëns, ma Är Donnéeë ginn awer a kengem Fall un Drëttpersoune weiderginn, verkaf oder verlount.
Mir versuergen Är Donnéeën esou laang ewéi néideg fir d’Resultater vun der Biergerëmfro auszewäerten an Iech iwwer d’Quartiersliewe Rout Lëns ze informéieren. No der europäescher Dateschutz-Grondveruerdnung (DSGVO) hutt Dir awer zu all Moment d’Recht op Är perséinlech Donnéeën zouzegräifen, se ze änneren, ze rektifizéieren an ze läschen. Dir kënnt dat maache mat der Funktioun “Sech ofmellen” ënnen op dem Newsletter Rout Lëns, oder andeems Dir eng E-Mail schreift op info@routlens.lu.
Limitéiert Responsabilitéiten
Obwuel d’Renseignementer, déi um Site routlens.lu verëffentlecht ginn als richteg an aktuell ugesi kënne ginn, kënne Feeler an Omissioune virkommen. Pharos Real Estate Fund S.C.A. iwwerhëlt keng Garantie fir d’Richtegkeet, d’Zouverlässegkeet an d’Vollstännegkeet vun all den Informatiounen, déi de Benotzer direkt oder indirekt iwwer de Site kritt, an och keng Verantwortung fir Feeler oder Omissiounen um Site. D’Informatiounen, déi um Site kommunikéiert ginn, oder déi iwwer de Site erofgeluede kënne ginn, d’Representatiounen, d’Fotoen an d’Pläng hu kee vertragleche Wäert.
Linken op a vun externe Sitten
De Site vum Quartier Rout Lëns bitt Linken op aner Internetsitten a mobil Sitten un. Pharos Real Estate Fund S.C.A. huet keng Kontroll iwwer den Inhalt an d’Praktike vun dëse Sitten an iwwerhëlt och keng Verantwortung. D’Erschafe vun einfachen oder déiwe Linken op de Site routlens.lu ass strengstens verbueden, ausser den Editeur huet am Viraus seng ausdrécklech Erlaabnis ginn.
Accessibilitéit & Dysfunktioun
Den Editeur kann net fir eventuell technesch Dysfunktiounen, déi sech duerch Onsécherheete vun der Verbindung an der Iwwerdroung iwwer den Internetsreseau an d’Handysnetzer erginn (temporär keng Accessibilitéit, Virus, Problem op der Linn …), an och net fir déi direkt oder indirekt Schied, déi dorausser entstinn, verantwortlech gemaach ginn. D’Benotzer vum Site si sech de Risiken, déi mat den technesche Besonnegheete vum Internetsreseau an den Handysnetzer verbonne sinn, bewosst. Den Editeur kann also weder d’Vertraulechkeet vun den Echangen nach en eventuellt Offänke vun den ausgetauschten Informatiounen iwwer de Site garantéieren.
Reserven
Pharos Real Estate Fund S.C.A. behält sech d’Recht vir, dës rechtlech Hiwäiser ze änneren. D’allgemeng Notzungsbedéngunge vum Site vum Quartier Rout Lëns sinn duerch dat Lëtzebuerger Gesetz geregelt. All Rechtssträit am Zesummenhang mam Benotze vum Site fält ënner d’exklusiv Kompetenz vun der Lëtzebuerger Geriichtsbarkeet.