Notzungspolitik vun de Cookieën

  1. Andeems Dir dësen Internetsite benotzt, stëmmt Dir zu all Moment der gülteger Dateschutzpolitik an Notzungspolitik vun de Cookieën zou. Consultéiert w.e.g. d’Bestëmmunge vun dëser Politik fir dëser zouzestëmmen.
  2. D’perséinlech Donnéeën, déi Dir eis zur Verfügung stellt, ginn an enger Datei ënner der Responsabilitéit vu Pharos Real Estate Fund S.C.A. beaarbecht fir:
    • op Är Ufroen ze äntweren
    • Iech iwwer de Fortgang vum Quartier Rout Lëns, de Participatiounsprozess an d’Aktualitéite vum Projet ze informéieren
  3. Als Responsabele vun der Datei engagéiert sech Pharos Real Estate Fund S.C.A. d’Vertraulechkeet vun Äre perséinlechen Donnéeën ze respektéieren an d’Ausübe vun Äre Rechter op Zougang, Rektifikatioun, Läschen oder op Widdersetzung ze garantéieren. Schéckt eis dofir eng Noriicht mam Betreff vun Ärer Demande op: info@routlens.lu.
  4. Als Benotzer garantéiert Dir heimat, datt déi perséinlech Donnéeën, déi Dir eis zur Verfügung stellt, richteg sinn, an Dir engagéiert Iech, eis iwwer all Ännerung vun Äre perséinlechen Donnéeën ze informéieren. Fir de Verloscht oder Schied vum Internetsite oder vum Responsabele vum Internetsite duerch d’Kommunikatioun vu falschen, net richtegen oder onvollstännegen Informatiounen an den Umeldungsformulairen ass eleng de Benotzer verantwortlech.
  5. E Cookie ass eng kleng Datei mat Informatiounen, déi de Site op den Harddisk vun engem perséinleche Computer, engem Smartphone oder vu soss engem Gerät vum Benotzer schécke kann, fir se duerno ze suivéieren. Verschidde personaliséiert Servicer vum Site benotze fir richteg ze funktionéieren temporär Cookieën, déi vum Benotzer akzeptéiert musse ginn. Wann de Browser um perséinleche Computer vum Benotzer esou konfiguréiert ass, datt e se refuséiert, kann den Zougang zu dëse Servicer verännert oder esouguer onméiglech sinn. D’Cookieën, déi um Site benotzt ginn, erlaben och d’Identifikatioun vun de Servicer a Rubriken, déi de Benotzer besicht, an allgemeng vu sengem Verhale wat d’Visitte betrëfft. Dës Informatiounen erlaben, d’Servicer, d’Inhalter, d’Offeren an d’Banneren, déi um Site affichéiert ginn, besser ze personaliséieren. De Benotzer kann d’Cookieën an den Optioune vu sengem Browser desaktivéieren oder läschen. All Browser ass anescht an de Benotzer soll d’Beschreiwung vu sengem Browser consultéiere fir en no senge Virstellungen anzestellen.