Reflexioun-Workshoppe fir d’Awunner vun Esch an all déi, déi op Esch kommen

E grousse Merci un all d’Participante vun de Workshoppe vun e Samschdeg, de 27. Abrëll an e Samschdeg, den 11. Mee zu Esch. Hir Reflexiounen hunn eng ganz Rëtsch u besonnesch interessanten Iddien opkommen gelooss.

D’Conclusioune ginn hei Mëtt Juni verëffentlecht. Si sinn eng wäertvoll Hëllef fir d’Aarbecht vun den Auteure vum Projet ze orientéieren.

Wann Dir nach Suggestioune fir de Projet hutt, zéckt net se an eis Iddie-Box ze werfen. Fir d’Aktualitéit  vum Projet ze verfollegen, abonnéiert Iech op eisen Newsletter a liked eis op Facebook!