Kufa’s Urban Art

 

D’Zil vum artisteschen a pedagogesche Projet Kufa’s Urban Art, deen 2014 duerch d’Kulturfabrik an an Zesummenaarbecht mat der Stad Esch initiéiert gouf, ass déi urban Konscht nohalteg am Escher Territoire ze verankeren. Renomméiert regional an international Artiste ginn invitéiert fir temporär oder permanent Konschtwierker ze schafen. Dës Demarche erlaabt et den urbane Raum nohalteg ze verwandelen, an dobäi déi sozial Kohäsioun duerch pedagogesch Aktivitéiten a Sensibiliséierungsaktiounen, iwwer sozial-artistesch Treffen a Visite-guidéeën, ze favoriséieren.

Fir dës Editioun 2019-2020 vum Projet Kufa’s Urban Art huet den Entwéckler IKO Real Estate fir ab September 2019 dräi artistesch Interventiounen um Site Rout Lëns organiséiert.
 

Fokus
op Rout Lëns

 

Mat der urbaner Konscht gëtt d’Stad méi schéin, den ëffentleche Raum valoriséiert an et léiert een e besser kennen, andeems d’Kultur fir jiddwereen demokratiséiert gëtt. D’Konscht, déi an der Stad Esch scho vill present ass, virun allem duerch d’Wandfresken an d’Stadmiwwel, installéiert sech elo och op de Site Rout Lëns.

Mat dësen artisteschen Interventioune kann de Fokus op den zukünftege Quartier geluecht, seng Lokalisatioun vereinfacht an d’Rekonversioun sensibiliséiert ginn. Et ass och déi éischt Verbindungsetapp vum Site Rout Lëns mat der Stad, andeems een aus dem Site en artisteschen Expressiounsraum mécht, wéi et där nach an der Cité ginn.

Dräi Lëtzebuerger
Artisten

Wandfresk
vum Eric Mangen

 

D’Interventioun vum Eric Mangen illustréiert d’Beweegungs-, d’Verwandlungs- an d’Transitiounsiddi. E fäerdege Krees, fir datt een neien ufänke kann. Den Artist wëll d’Iddi vun engem dynamesche Site am Wandel, deen op d’Zukunft geriicht ass, erëmginn.

Verkleedung vun der Bréck
vum Sascha Di Giambattista

 

De Giamba wëll den Numm „Rout Lëns“ an de Käpp vun de Leit verankeren. Andeems hie sech vun der Typographie vun den Affichë vun der Siderurgie aus dem gëllenen Zäitalter inspiréiert, spillt den Artist mam symbolesche Rout vun de Biedem vum Süden an erhält dobäi dat raschtegt Eise vun der Bréck als Hannergrond fir datt d’Vergaangenheet net vergiess soll ginn. 

Fändelinstallatioun
vum Julie Wagener

 

Dräi Typpe vu Fändele markéieren de Site Rout Lëns. Bei der Barrière weist e „Bësch“ vun 60 Fändelen ofwiesselend zwee Visueller: D’Personnagen deiten d’Liewen un, dat erëm op de Site kënnt, a schematesch Raim suggeréieren en neie Quartier. Déi zwee hunn déi selwecht Faarwen, dat d’Harmonisatioun tëschent dem Mënsch an der Infrastruktur verbildlecht. Déi rout Faarf bezitt sech natierlech op déi industriell Vergaangenheet vun den Terres Rouges.

De Visuell an der Rue d’Audun stellt e Personnage a Beweegung duer. Säin einfach Geste, vum flip book inspiréiert, en séier Lecture vun den Automobilisten. De Personnage wëscht sech d’Stir of, als Referenz zu den Aarbechter, a seng Hand um Häerz representéiert d’Vergaangenheet, déi staark bei den Awunner vum Süden an Erënnerung bleift.