Wéinst der Envergure vum Projet Rout Lëns an den Erausfuerderunge fir d’Stad, wollt den Immobilienentwéckler vum Quartier, IKO Real Estate, d’Populatioun un der Reflexioun deelhuele loossen, andeems hie fréi e biergerleche Participatiounsprozess organiséiert huet. Dës Consultatioun gouf op verschidden Hëllefsmëttel baséiert, fir esou enger grousser Zuel u Persounen d’Méiglechkeet ze gi sech auszedrécken: d’Ëmfro „Är Meenung zielt!“ an d’Reflexiounsworkshoppen.
Dir kënnt de komplette Rapport ënnen op dëser Säit eroflueden (nëmmen op Franséisch).
D’Ëmfro an d’Workshoppe goufen no de 4 Haaptziler vum Projet strukturéiert:
De Mënsch am Zentrum vum Projet
En neien urbane Quartier entwéckelen, wou d’Liewensqualitéit an d’Wuelbefanne vun den Awunner, Residenten a Verbraucher Virrang hunn
Thema « Liewensqualitéit »
D’Ëmwelt schützen
Eng global, integréiert an ambitiéis ëmweltfrëndlech Approche
Themen « Nohaltege Quartier » an der Ëmfro a « Ëmwelt » an de Workshoppen
Verbindunge knäppen
D’Verbindung schafen, déi tëschent dem Stadzentrum, dem Quartier Grenz-Hiehl an dem Ellergronn/Gaalgebierg feelt; en animéiert a gesellegt Quartiersliewe favoriséieren; d’Stad an d’Natur zesummebréngen
Themen « Quartiersliewen » an der Ëmfro a « Mobilitéit » an de Workshoppen
Den industrielle Patrimoine valoriséieren
De bedeitendste Patrimoine vum Site rehabilitéieren an e mat enger zäitgenëssescher Architektur vu grousser Qualitéit associéiere fir en eenzegaartege Cachet an eng staark Identitéit ze schafen
Thema « Patrimoine »
D’Biergerëmfro
« Är Meenung zielt! »
Iwwer 220 Persounen hu bei der Ëmfro matgemaach, e gudden Echantillon, deen et erlaabt, sech en éischt Bild vun den Erwaardungen a Prioritéite vun de Participanten ze maachen.
Fir144
vun den 227 Participante sinn d’Grénganlagen ee vun den Elementer, déi am meeschten d’Liewensqualitéit favoriséieren
Fir77%
vun de befrote Persounen ass et wichteg, d’eeler Leit an d’Kanner zesummenzebréngen
Fir90%
vun de Befroten ass et wichteg, den industrielle Patrimoine um Site ze erhalen
D’Workshoppen
No der Ëmfro goung de Participatiounsprozess weider mat de Reflexiounsworkshoppen. Bei all den 2 Moienter, déi komplementar zu der Ëmfro waren, ware bis zu siechzeg Persoune present an der Schoul vum Brill.