Dat gëllent Zäitalter
vun der Stolindustrie

 

Am ale Biergbaugebitt „Terres Rouges“, dat säin Numm vum eisenhaltegen Äerz huet, dat de Räichtum vu sengem Buedem ausmécht, installéiert sech um Site „Lentille Terres-Rouges“ ab 1870 d’Fonderie Brasseur (Brasseur Schmelz). Den Numm vun der Fabrick wiesselt op Rothe Erde wéi se vun der däitscher Entreprise Aachener HüttenAktien-Verein 1892 iwwerholl gëtt. De Site gëtt duerno vun der Arbed exploitéiert, aus där ArcelorMittal ginn ass. D‘„Lentille Terres-Rouges“ ass während der Blütezäit vun der Siderurgie voller Liewen, et ass eng kleng Stad an der Stad. Et handelt sech net wierklech ëm e Stolwierk; seng Héichuewe produzéiere flëssegt Eisen, dat duerno zu Stol verwandelt gëtt an dann an de Fabricken zu Esch-Belval an Esch-Schifflange gewalzt gëtt. Déi dräi Sitte sinn duerch e Schinnennetz verbonnen a bilden e gigantesche Stolkomplex. 

Nei Ambitioune
fir de Site

 

An de 50er Joren hëlt d’Produktioun of, éier de Site 1977 ganz stëllgeluecht gëtt. D‘„Lentille Terres-Rouges“ war den éischte Stolsite vun der Stad Esch, an och déi éischt Friche. Zanter der Fermeture huet den Terrain, dee vill Potenzial huet, verschidde Rehabilitatiounsprojeten ugezunn. Am September 2018 stellt IKO Real Estate säi Rekonversiounsprojet vum Site an en nohaltegen, innovativen an exemplaresche Quartier vir, en ambitiéise Programm an Zesummenaarbecht mat de Servicer vun der Stad.

Entdeckt d’Geschicht an d’Zukunftsperspektive vum Quartier Rout Lëns an dësem Documentaire vu 5 Minutten.
 

Eng eenzegaarteg Ierfschaft

Halle Turbines

 

Op Industriesitte vun dëser Gréisst gouf mat Turbinnen den néidege Stroum fir d’Stolaktivitéit produzéiert. D’Turbinnenhal, déi 1901 gebaut gouf, ass d’Aushängeschëld vum Site. Hir Struktur a Fassade si vum gréissten architektoneschem Interessi.

Magasin TT

 

Dëst Gebai gouf am 20. Joerhonnert gebaut an huet all Typ vu Material geliwwert, fir d’Exploitatioun an d’Employéen. Am Gebai gouf et och eng Brasserie. Seng Volumetrie op 3 Niveauen a seng Fassaden, déi duerch Pilastere rhythméiert ginn, sinn zweiwellos vu groussem Interessi wat d’Architektur, de Patrimoine an d’Geschicht betrëfft.

Halle des Soufflantes

 

Dëst Gebléis ass en Organ vun engem Héichuewen, dat déi néideg Verbrennungsloft fir d’Fonctionnement vum Héichuewe liwwert. Déi besonnesch Architektur vun der Halle des Soufflantes, déi am 20. Joerhonnert gebaut ginn ass, ass e staarkt Symbol vum Site. 

Stellwierk

 

E Schinnennetz huet d‘„Lentille Terres-Rouges“ mat de Fabricke vun Esch-Belval an Esch-Schifflange verbonnen. D’Stellwierk, dat aus dem 20. Joerhonnert ass, huet d’Zich, déi um Site ukomm a fortgefuer sinn, orientéiert. Duerch seng aussergewéinlech Form huet et verschidde Spëtznimm kritt, wéi z.B. „U-Boot“ oder „Champignon“.