De projet
En neien nohaltegen, innovativen an exemplaresche Quartier
Am Südweste vun Esch-Uelzecht, tëschent dem Stadzentrum, der Eisebunnslinn an der franséischer Grenz, gëtt den Terrain “Lentille Terres-Rouges” zanter 1977 net méi exploitéiert. De Projet Rout Lëns gesäit vir, dës Friche aus der Stolindustrie erëm opliewen ze loossen, an dat duerch eng Ëmstrukturéierung an en neien nohaltegen, innovativen an exemplaresche Quartier.
D’Liewensqualitéit
huet Prioritéit
Den neie Quartier Rout Lëns ass op d’Liewensqualitéit vu sengen Awunner ausgeriicht. Op enger Fläch vun 10,5 Hektar wäert ee folgend Infrastrukture fannen: eng Schoul, Geschäfter a Servicer, flexibel an innovativ Aarbechtsberäicher, Wunnenge mat verschidden Typologien, ëffentlech Infrastrukturen (Maison-Relais, Crèchen…), Fräizäitinfrastrukturen (Sportsterrainen, Caféen a Restauranten), ëffentlech Raim an och Grénganlagen. Fir den industrielle Patrimoine ze respektéieren a valoriséiere gi verschidde Gebaier mat engem besonnesche Wäert rehabilitéiert.
Déi 4 Erausfuerderunge
vum Quartier
De Projet Rout Lëns ass op eng laangfristeg Visioun ausgeriicht, déi erlabe soll, d’Evolutioun vun de Liewensstiler, déi stänneg änneren, ze begleeden, a wa méiglech esouguer antizipéieren.
01
De Mënsch am Zentrum vum Projet
En neien urbane Quartier entwéckelen, wou d’Liewensqualitéit an d’Wuelbefanne vun den Awunner, Residenten a Verbraucher Virrang hunn
02
D’Ëmwelt schützen
Eng global, integréiert an ambitiéis ëmweltfrëndlech Approche
03
Verbindunge knäppen
D’Verbindung schafen, déi tëschent dem Stadzentrum, dem Quartier Grenz-Hiehl an dem Gaalgebierg feelt; en animéiert a gesellegt Quartiersliewe favoriséieren; d’Stad an d’Natur zesummebréngen
04
Den industrielle Patrimoine valoriséieren
De bedeitendste Patrimoine vum Site rehabilitéieren an e mat enger zäitgenëssescher Architektur vu grousser Qualitéit associéiere fir en eenzegaartege Cachet an eng staark Identitéit ze schafen
Déi grouss Etappe vum Projet